Eis Servicer

Kompressiounsverbänn

Ödeemer, schwéier Been, Veneleiden … An dësen an an änleche Fäll kann Iech Ären Dokter Kompressiounsverbänn oder -strëmp verschreiwen.

An deem Fall komme moies Krankefleeger bei Iech laanscht a leeën d’Kompressiounverbänn un oder hëllefen Iech beim Undoe vun de Kompressiounsstrëmp.

 

Diabetes

Mir kënnen eis ëm déi global Prise-en-charge vun Ärer Pathologie këmmeren. Eist Personal hëlt sech fir Iech all den noutwendege Soinen un: Kontroll vum Bluttzockerspigel, Injektiounen, Rapporten un Ären Dokter, Upassung vun der Therapie a Récksprooch mam Dokter, allgemeng Berodung asw.

Bei enger partieller Prise-en-charge kënnt Dir och aktiv sinn an zesumme mat de Krankefleeger, déi Iech begleeden, beroden a bei Bedarf weider un der Säit stinn, déi néideg Soine vollzéien.

 

Injektiounen

A Funktioun vun der medezinescher Prescriptioun kënnen Injektioune vun eisem Personal bei Iech doheem realiséiert ginn: subkutan, intrakutan, intramuskulär, intravenéis oder iwwer implementär Systemer – Zentralkatheter asw.

 

Infusiounen

Krut Dir eng oder méi intravenéis oder subkutan Infusioune verschriwwen, da kënnen eis Krankefleeger d’Prise-en-charge vun A bis Z iwwerhuelen. De ganze Virgang geet bei Iech doheem esou confortabel an agreabel wéi méiglech iwwer d’Bün.

 

Prise-de-sangen

D’Prelevementer, sief et vu Blutt, Urin oder Ofstréch, kënnen an Ärem gewinnten Ëmfeld bei Iech doheem duerchgefouert ginn. Duerno schécke mir dës an e medezinesche Laboratoire, wou se analyséiert ginn. An der Reegel leien Iech an Ärem Dokter d’Resultater e Schaffdag drop vir.

An Noutfäll oder op ausdréckleche Wonsch vum Patient hi kënnen d’Prelevementer, déi normalerweis moies duerchgeféiert ginn, de ganzen Dag iwwer stattfannen.

 

Medikamenter

Eist Personal kann d’Verwaltung vun de medikamentéise Behandlungen, vum Sichegoe vun de Medikamenter an d’Apdikte bis bei d’Anhuele vun der Medezin a Récksprooch mam respektiven Dokter, iwwerhuelen. Mir kënnen Är Medikamenter all Dag oder eemol fir déi ganz Woch an enger sougenannter Pëlle-Box preparéieren.

Doduerch gi Feeler an der Doséierung an an dem Anhuele vun de Medikamenter verhënnert.

Falls den Dokter d’Prescriptioun ännert, gëtt d’Behandlung natierlech vun eis adaptéiert.

 

Appareil urinaire

Sidd Dir op urologesch Soinen ugewisen? Da kënne mir Iech bei der Fleeg mat ë.a. Bloskatheter, Lavage vésicale, Wiessel vu Cystofix®-Verbänn asw. ënnerstëtzen.

 

Verdauungstrakt/Verdauungsapparat

Mir kënnen Iech bei all Mo- an Daarmbehandlunge mat der Mise-en-place an dem Retrait vu Sonden, der Gestioun vun der enteraler Alimentatioun, der Fleeg vu Stomata, Lavementen asw. ënnerstëtzen.

 

Appareil respiratoire

Sidd Dir op pneumatologesch Soinen ugewisen? Da kënne mir Iech mat Inhalatiounstherapien (Aerosole) a bronchialen Aspiratiounen ënnerstëtzen.

 

Vitalfunktiounen

Eis Krankefleeger kënnen Är Vitalfunktiounen (Bluttdrock, Bols, Kierpertemperatur asw.) moossen a kontrolléiren.

 

 

Wat gëllt et, virum Uleeë vun engem Kompressionsverband ze respektéieren?

Et gëtt geroden, sech d’Bee mat kalem Waasser ofzeduschen, sech mat Fiichtegkeetscrème anzereiwen a sech op d’mannst wärend 30 Minutten néierzeleeën. Maacht Iech keng Suergen, wann Dir dat net eegestänneg maache kënnt: Eist Personal kann Iech dës Tâchë gären ofhuelen.

Entdeckt all eis aner Déngschtleeschtungen