Educateur/-rice (m/f/d) fir eisen FOYER DE JOUR

CDD 40 Std/W – Dagesschichten vun Méindes bis Freides
fir eisen Foyer de Jour zu Léiweng
Fir e gutt Encadrement vun de Patienten ze garantéieren siche mir motivéiert an engagéiert Mataarbechter fir eisen Foyer de Jour.
Aufgaben :
- D’Patiente wärend hirem Openthalt am Foyer de jour ze encadréieren an hiert Wuelbefannen ze garantéieren
- Biographesch orientéierten Aktivitéiten ubidden an d‘Patienten ënnerstëtzen des auszeféieren
- D‘ Patienten bei hiren deeglechen Aufgaben vum Liewen hëllefen (zBsp Iessen preparéieren an och beim Iessen hëllefen)Assuréiere vum Transport vun de Patienten zweschent hirem Doheem an dem Foyer de jour
- Kommunizéieren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Profil :
- Du schwätz Lëtzebuergesch a Franséisch
- Du hues eng Aarbechtserlabnis (Autorisation d’exercer) als Educateur
- Du hues de Führerschäin B
- Du bass empathesch, flexibel, motivéiert, engagéiert
- Du schaffs autonom an hellst gären Initiativen
- Du schaffs gären an enger pluridisziplinär Equipe
- Du fills dech Wuel am Ëmgang mat eelere Leit an hues e gudde Kontakt zu anere Mënschen
- Erfarung am psychogériatresche Beräich wei och an der Betreiung vun Demenzkranke Mënschen ass vu Virdeel
Mir freeën eis iwwert deng Kandidatur!