Educateur/-rice (m/f/d) diplômé(e) fir eisen CENTRE DE JOUR POUR PERSONNES ÂGÉES
Léiweng – CDI 40 Std/W
Fir e gutt Encadrement vun de Beneficiairen ze garantéiere siche mir motivéiert an engagéiert Mataarbechter fir eisen Centre de Jour.
Aufgaben:
- D’Beneficiairen wärend hirem Openthalt am Centre de Jour ze encadréieren an hiert Wuelbefannen ze garantéieren
- Biographesch orientéiert Aktivitéiten ubidden an ënnerstëtzend auszeféieren
- D‘Beneficiairen bei hiren deeglechen Aufgabe vum Liewen hëllefen (zBsp Iesse preparéieren an och beim Iessen hëllefen) fir hier Autonomie ze fërderen an ze erhalen.
- Assuréiere vum Transport vun de Beneficiairen zwëschent hirem Doheem an dem Foyer de jour
- Kommunizéieren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Profil :
- Du schwätz Lëtzebuergesch a Franséisch
- Du hues eng Aarbechtserlabnis (Autorisation d’exercer) als Educateur
- Du hues de Führerschäin B
- Du bass empathesch, flexibel, motivéiert, engagéiert
- Du schaffs autonom an hellst gären Initiativen
- Du schaffs gären an enger pluridisziplinär Equipe
- Du fills dech Wuel am Ëmgang mat eelere Leit an hues e gudde Kontakt zu anere Mënschen
- Erfarung am psychogériatresche Beräich wei och an der Betreiung vun Demenzkranke Mënschen ass vu Virdeel
Mir offréieren:
- Dagesschichten vu Méindes bis Freides
- Interessante Salaire (no Diplôme -max. C4) an Aarbechtskonditiounen nom Kollektivvertrag CCT-SAS
- D’Méiglechkeet innovativ an autonom an der Aarbecht ze sinn mat Ënnerstëtzung vun enger multidisziplinärer Equipe
Startdatum: no Ofsprooch
Wann Dir un desem Posten interesséiert wärt, bieden mir Iech iwwert follgenden Link ze postuléieren:
D’Kandidature gi vertraulech traitéiert.
An Fall vun enger Ustellung gëtt de Casier judiciaire (Bulletin N°3, N°4 an N°5) gefrot.