Nei Identitéit, selwechten Engagement.
Zanter 20 Joer begleet d’Verbandskëscht Mënschen, déi weiderhin doheem liewe wëllen, mat vill Engagement a Mënschlechkeet.
Eis Geschicht huet mat der Wonnefleeg ugefaangen. Mee mir hu séier verstanen, datt Fleeg vill méi ass wéi nëmme medezinesch Handgrëffer.
Et geet drëm, nozelauschteren, z’ënnerstëtzen a Sécherheet ze ginn. Einfach fir d’Mënschen do ze sinn.
Haut entwéckelt sech och eis visuell Identitéit weider.
De Verband vun eisen Ufankszäite kritt eng nei Form: e stiliséiert Häerz, diskret, mee voller Bedeitung.
Dëst Symbol weist, wat eis schonn ëmmer ausmécht: Fleeg, Presenz a Mënschlechkeet.
Dësen neien Optrëtt ass e weidere Schrëtt an eiser Entwécklung. Mee eist Versprieche bleift dat selwecht: ëmmer un Ärer Säit ze sinn, mat Professionalitéit, Empathie a Solidaritéit.
Un all déi, déi Deel vun dëser flotter Geschicht sinn, wëlle mir einfach a ganz éierlech soen: Merci!
Eng nei Identitéit, déi eiser Missioun trei bleift.
Haut stelle mir eis nei visuell Identitéit vir.
Dës Verännerung ass e wichtege Schrëtt an eiser Geschicht. Mee dat, wat eis staark mécht, bleift onverännert: eist mënschlecht Engagement, eis Proximitéit an eis Missioun, fir anerer do ze sinn.
En neien Optrëtt, deen eisen Engagement erëmspigelt.
Zanter 20 Joer begleet d’Verbandskëscht Mënsche bei sech doheem, mat Professionalitéit, Respekt a Mënschlechkeet.
Eis Aarbecht geet schonn zanter ville Jore wäit iwwer d’Wonnefleeg eraus. Mir begleeden an ënnerstëtzen all Mënsch am Alldag, mat Opmierksamkeet, Verständnis an Engagement.
Dës nei visuell Identitéit ass also kee Richtungswiessel, mee passt besser zu deem, wat mir schonn zanter Jore maachen.
Si weist méi kloer, wat eis ausmécht: eng ganzheetlech a mënschlech Betreiung, bei där de Mënsch am Mëttelpunkt steet.
De Verband bleift … just an enger anerer Form.
Eise Logo huet laang Zäit e gekräizte Verband duergestallt, als Symbol fir Schutz a Fleeg.
Haut behält eise Logo seng ursprénglech Basis, kritt awer eng nei Form.
Méi douce, méi ronn a méi oppen – déi nei visuell Identitéit stellt e stiliséiert Häerz duer.
Si weist, wéi mir eis weiderentwéckelt hunn: eng Organisatioun, bei där de Mënsch am Mëttelpunkt steet, déi op all Detail oppasst a mat Respekt handelt.
Eng nei Identitéit, déi eiser DNA trei bleift.
Dës nei visuell Identitéit gouf mat vill Präzisioun a grousser Opmierksamkeet entwéckelt.
Mir wollten dobäi dat behalen, wat eis staark mécht: Einfachheet, Kloerheet a Vertrauen.
All grafescht Element gouf gezielt entwéckelt, fir eis Wäerter ze reflektéieren an eisem Erscheinungsbild e méi modernen, kloeren an eenheetlechen Optrëtt ze ginn.
De Logo ännert sech. D’Faarwe ginn méi fein. Mee eis Wäerter bleiwen déi selwecht.
Zesummen an en neit Kapitel.
Dës Verännerung ass kee Broch mat der Vergaangenheet, mee eng logesch Fortsetzung vun deem, wat mir zanter 20 Joer opbauen: e Service fir Fleeg an Hëllef doheem, dee vum mënschleche Kontakt lieft, no bei de Leit ass an de Bléck an d’Zukunft riicht.
E grousse Merci un all déi Leit, déi eis schonn zanter esou ville Jore vertrauen.
Zesumme mat Iech schloe mir dëst neit Kapitel op.