FAQ

All Mënsch, deen Hëllef oder Fleeg doheem brauch, sief et am Alter, bei enger Krankheet, enger kierperlecher oder geeschteger Aschränkung oder no enger Hospitalisatioun.

Egal ob fir e puer Deeg oder laangfristeg, mir sinn do fir Iech ze ënnerstëtzen an ze begleeden.

 

Mir bidden eng komplett Betreiung doheem un, déi op all Situatioun ugepasst ass:

  • Krankefleeg : Injektiounen, Verbänn, Perfusiounen, Suivi vum Diabetis, asw.
  • Hëllef am Alldag: Hëllef beim Wäschen, Undoen, Iesse virbereeden, Akafen a Botzen …
  • Spezialiséiert Servicer : Kinesitherapie, medezinesch Pediküre, psychologesch Ënnerstëtzung, asw.
  • Technesch Hëllefsmëttel: Fleegebett, Rollstull, ugepasst Material …
  • Praktesch Servicer: Strecken, Liwwerung vun Iessen, kleng Aarbechten, Hëllef bei administrativen Demarchen, asw.
  • Foyer de jour : E waarmt a séchert Ëmfeld, fir e schéinen Dag ze verbréngen, sech ze entspanen, auszetauschen an un Aktivitéiten deelzehuelen.

All dës Servicer erméiglechen et, weiderhin doheem ze bleiwen, an engem vertrauten Ëmfeld a mat deem néidege Komfort.

Egal ob bei engem Verloscht vun der Autonomie, no enger Hospitalisatioun oder einfach fir weiderhin ënner gudde Konditiounen doheem ze liewen.

Jo. A ville Fäll kënne mir nach deeselwechten Dag intervenéieren. Rufft einfach um 2830 un. Eis Koordinatiounszentral ass 7 Deeg d’Woch fir Iech do, fir Är Besoinen ze evaluéieren an déi néideg Servicer séier ze organiséieren.

Eng Fachpersoun vun der Verbandskëscht kënnt bei Iech heem, fir Är Besoinen ze evaluéieren. Wann Infirmiersfleeg néideg ass, gëtt eng ärztlech Verschreiwung vun Ärem Hausdokter gebraucht.

Duerno stelle mir zesumme mat Iech e personaliséierten Hëllefsplang op.

Tariffer a Käschteniwwerhuelung

Déi meescht vun eise Leeschtunge gi vun den zoustännegen Organisatiounen iwwerholl. Mir hëllefen Iech och bei den administrativen Demarchen, fir den Zougang zu dëse Leeschtungen ze erliichteren.

D'Infirmiersfleeg gëtt zu 88 % vun der Caisse Nationale de Santé (CNS) rembourséiert. De Rescht kann eventuell vun Ärer Zousazversécherung iwwerholl ginn oder muss vun Iech selwer bezuelt ginn.

A bestëmmte Fäll ass och e Remboursement zu 100 % duerch d'CNS méiglech.

Wann Dir vun der Fleegeversécherung profitéiert, kann d’Hëllef doheem komplett iwwerholl ginn.

Wann dat net de Fall ass, bidde mir Iech bezuelbar Tariffer un, déi op Är Situatioun ugepasst sinn. Op Ufro stelle mir Iech gären e personaliséierten Devis aus.

Dir kënnt eis Servicer och schonn notzen, wärend Dir op d’Äntwert vun der Fleegeversécherung waart. Wa néideg, hëllefe mir Iech och gären dobäi, Ären Dossier zesummen ze stellen.

Jo, natierlech. Eis Servicer sinn do, fir Iech am Alldag ze ënnerstëtzen an Är Autonomie ze erhalen. Dir decidéiert weiderhi selwer, wat Dir maache wëllt, an Ärem eegene Rhythmus.

Haaptsächlech jo, awer Dir kënnt och op Rendez-vous an eise Cabinet zu Alzeng oder Éileng kommen.

Hëllef gebraucht?

Hutt Dir nach Froen? Zéckt net eis ze schreiwen oder unzeruffen.