Eis QHSE Politik

Engagement vun der Direktioun

D’Verbandskëscht engagéiert sech fir eng qualitativ héichwäerteg Fleeg doheem. Dobäi leeë mir vill Wäert op d'Sécherheet vun eise Beneficiairen a Mataarbechter souwéi op de Respekt vun der Ëmwelt.

Eis QHSE-Politik (Qualitéit, Hygiène, Sécherheet an Ëmwelt) ass e wichtege Bestanddeel vun eisem Engagement fir héich Qualitéit, d’Anhale vun de gesetzleche Virschrëften an eng nohalteg Entwécklung.

Dësen Engagement baséiert op follgende Prinzipien:

  • Qualitéit vun de Leeschtungen: Eng personaliséiert Betreiung garantéieren, déi de medezinesche Virschrëften an den Erwaardunge vun de Patienten entsprécht.
  • Hygiène: E proppert a séchert Ëmfeld fir eis Beneficiairen an eis Fachleit garantéieren.
  • Sécherheet: Risiken erkennen, evaluéieren a kontrolléieren.
  • Ëmwelt: An all eisen Aktivitéiten ëmweltfrëndlech handelen.

Ziler

  • Zefriddenheet vun de Beneficiairen: D’Vertrauen an en oppent Ouer fir eis Beneficiairë si fir eis besonnesch wichteg a begleeden eis bei allem, wat mir all Dag maachen.
  • Kontinuéierlech Verbesserung: Moossnamen ëmsetzen, fir d’Qualitéit vun eise Servicer kontinuéierlech ze verbesseren.
  • Formatioun a Präventioun: Reegelméisseg Formatioune fir eis Mataarbechter iwwer déi gutt QHSE-Praktiken ubidden. Berufflech an ëmweltbezunne Risiken erkennen a vermeiden.
  • Konformitéit: Déi geltend Gesetzer a Normen anhalen an d’Zefriddenheet vun eise Beneficiairen an hire Bezuchspersoune garantéieren.

Suivi an Evaluatioun

De QHSE-Service féiert reegelméisseg intern Auditen duerch, fir d’Effikassitéit vun der QHSE-Politik ze iwwerpréiwen a bei Bedarf Korrekturmoossnamen ëmzesetzen.

De vollen Erfolleg vun eiser QHSE-Demarche erfuerdert déi aktiv Bedeelegung vun allen Akteure vun der Verbandskëscht an alle Beräicher, fir qualitativ héichwäerteg Servicer unzebidden.

Digitaliséierung fir méi Qualitéit

Fir eis Servicer kontinuéierlech ze verbesseren, investéiere mir an d’Digitaliséierung, fir méi Qualitéit an e méi einfachen Oflaf ze garantéieren.

Mir entwéckelen eng eege Software fir d’Gestioun vun der Fleeg. Dës innovativ Léisung erlaabt eisen Ekippen, méi effizient ze schaffen, de medezinesche Suivi ze verbesseren an eng optimal administrativ Dokumentatioun ze garantéieren.