Wien si mir?

De Mënsch am Mëttelpunkt vun eisem Engagement

Zënter 2005 hëlleft d’Verbandskëscht de Mënschen, sou laang wéi méiglech doheem ze bleiwen, wou si sech am wuelste fillen.

Mir bidden eng komplett a personaliséiert Betreiung, déi op d’Besoinen an de Rhythmus vun all Mënsch ugepasst ass. Eis engagéiert a méisproocheg Ekipp ass 24/7 fir Iech do, fir Iech Sécherheet a Vertrauen am Alldag ze ginn.

„Bei der Verbandskëscht si mir fir Iech do. A wierklech do.“

Sou laang wéi méiglech doheem bleiwen, dat ass de Wonsch vu ville Mënschen. Mir maachen alles, fir hinnen dat ze erméiglechen, mat Respekt, Opmierksamkeet an enger Betreiung, op déi si sech verloosse kënnen.

Dobäi gi mir op d’Besoinen an de Rhythmus vun all Mënsch an a begleeden en am Alldag.

- Alex Mergen
Directeur Général
Eis Missioun

Fir besser doheem ze liewen

Eist Zil ass et, jidderengem ze erméiglechen, sou laang wéi méiglech doheem ze bleiwen, an engem sécheren a rouegen Ëmfeld.

Mir begleeden Iech mat Opmierksamkeet, Diskretioun a Professionalitéit. Dobäi passe mir eis Betreiung un Är Besoinen, Är Gewunnechten an Äre Liewensrhythmus un.

+ 20 Joer
Engagement
82%
vun eisem Fleegepersonal schwätze Lëtzebuergesch
+ 1000
Mënschen, déi mir all Dag begleeden
+ 400
Engagéiert Mataarbechter
24/7
Kontinuéierlech Presenz
Eis Wäerter

Eis Wäerter begleeden eis all Dag.

Bei der Verbandskëscht sinn eis Wäerter net nëmme Wierder. Si begleeden eis all Dag a bei allem, wat mir fir d'Mënsche maachen, déi mir betreien.

Respekt

Mir gesinn all Mënsch als individuell Persoun a respektéieren dobäi säi Rhythmus, seng Entscheedungen a seng Intimsphär.

Frëndlechkeet

Present, zougänglech an opmierksam. Mir këmmeren eis ëm all Mënsch, mat Häerz an Hänn.

En oppent Ouer

Opmierksam nolauschteren an och déi Besoine verstoen, déi net direkt ausgeschwat ginn, fir eng individuell Betreiung unzebidden.

Transparenz

Informéieren, erklären an sech austauschen. Eng Vertrauensrelatioun opbauen, déi op Kloerheet an Transparenz baséiert.

Zouverlässegkeet

Eng qualifizéiert Ekipp, déi sech reegelméisseg weiderbilt, fir eng sécher, ugepasst an héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.

Eis Geschicht

Esou huet alles ugefaangen

2005

Den Ufank vun eisem Engagement

Alles huet mat enger Verbandskëscht ugefaangen. 2005 huet sech d’Verbandskëscht ausschliisslech op d’Wonnefleeg spezialiséiert. Dat war eis éischt Missioun.

Aus dëser Aufgab ass eisen Numm entstanen, deen nach haut fir Proximitéit, Dignitéit an en oppent Ouer steet.

2011

Eiser Missioun eng Struktur ginn

Mir entwéckelen eis Aarbechtsweis weider an erweideren eis Servicer. Nieft der Wonnefleeg bidde mir och all déi wichteg Servicer fir eng komplett Betreiung doheem un.

Ernärung, Hygiène, Mobilitéit … Mir ginn op all Besoin mat Professionalitéit, Verständnis an Engagement an.

2017

D’Fleeg ganzheetlech denken

Mir leeën de Grondsteen fir en eenzegaartegt Konzept, dat wäit iwwer déi klassesch Fleeg doheem erausgeet.

Eist Zil ass et, eng richteg Maison de soins à domicile, e Spidol doheem, opzebauen, mat engem eenzegen Uspriechpartner, deen all Servicer koordinéiert.

Doduerch maache mir den Alldag fir d’Patienten an hir Bezuchspersoune méi einfach a bidden eng Betreiung, déi besser organiséiert, méi mënschlech a méi komplett ass.

2019

Zu all Auerzäit fir Iech do

Well Hëllef a Fleeg keng Auerzäit kennen, si mir 24/7 fir eis Patienten do, och de Weekend an op Feierdeeg.

Dës Disponibilitéit geet iwwer déi gesetzlech Ufuerderungen eraus a gëllt fir all eis Patienten.

Egal ob Dag oder Nuecht, eis Ekipp ass ëmmer do, fir Fleeg, Ënnerstëtzung oder einfach e bëssen Trouscht ze bidden.

2020

Innovéiere fir Iech besser ze begleeden

An Zesummenaarbecht mat der Firma CareIT SA entwéckele mir UpCare, eisen eegenen digitalen Tool.

UpCare ass speziell op d’Besoine vum Terrain ugepasst an hëlleft eis, d’Fleeg, de Suivi an d’Koordinatioun besser ze organiséieren.

Eng Innovatioun am Déngscht vum Mënsch.

2022

Och d’Bezuchspersounen ënnerstëtzen

Mir feieren d’Ouverture vun eisem Foyer de Jour. Eng Plaz, wou Mënschen zesummekommen a schéi Momenter verbréngen, fir sozial Isolatioun ze vermeiden an d’Bezuchspersounen am Alldag ze entlaaschten.

Well Begleedung heescht fir eis och, déi ze ënnerstëtzen, déi sech ëm anerer këmmeren.

2025

20 Joer Mënschlechkeet a Beweegung

D’Verbandskëscht feiert 20 Joer Engagement a stellt hir nei visuell Identitéit vir.

En neien Optrëtt, dee weist, wéi mir eis iwwer d’Joren entwéckelt hunn, ouni dat ze vergiessen, wat eis ausmécht.

Mee eppes bleift onverännert: Mir sinn a bleiwe fir déi Mënschen do, déi op eis zielen. Haut a muer, genau wéi gëschter.