Hëllef bei Iech doheem
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir engagéieren eis fir héichqualitativ kierperlech Therapieversuergung am Komfort vun ärem Doheem ze liwweren. Eist Team vun erfuerene Physiotherapeuten ass do fir Iech ze hëllefen äert kierperlecht Wuelbefannen erëm z’erreechen an är Liewensqualitéit ze verbesseren.
Rendez-vous fixéieren KontaktMir bidden eng ganz Palette vun verschidde Servicer déi op är spezifesch Besoin‘en ugepasst sinn. Egal ob Dir eng Rééducatioun no enger Verletzung braucht, Behandlung fir chronesch Péng oder Hëllef bei der Gestioun vun engem medizineschen Zoustand, mir sinn do fir Iech z’ënnerstëtzen.
Hei fannt dir eng Iwwersiicht vun eise Servicer:
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir schaffen an enker Relatioun mat Ärem Hausdokter, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech ze garantéieren. Eis Mataarbechter sinn hëllefsbereet, engagéiert a sympathesch!
Fir eng optimal Fleeg stinn Iech eis speziell Praxisraim zur Verfügung. Hei hutt Dir d’Méiglechkeet, fir an Diskretioun – ouni Waardezäiten – vun eise Soinen ze profitéieren.
Fir Iech et ze erméiglechen, fir doheem kënnen ze bleiwen, hu mir eng Rëtsch Zousazofferen entwéckelt. Dës vereinfachen/erliichteren Iech an Ären nooste Persounen/Äre Familljememberen d’Liewen an den eegene véier Wänn.
Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg speziell ausgebilt a stinn Iech beim Frëschmaache vun de Verbänn mat Know-how un der Säit.
Nieft der Krankefleeg doheem bitt d’Verbandskëscht och eng Ganzdagsbetreiung am Foyer de Jour un.