Ethik

Eist Engagement fir d‘Ethik am Soins à domicile

 

D‘Ethik steet am Häerz vun eiser Missioun. Mir gleewe fest drun datt d‘Bereetstellung vum Soins à Domicile muss duerch zolidd ethesch Prinzippie geleet gi fir d’Wuelbefanne vun eise Patienten ze garantéieren. Dofir hu mir en engagéierten Ethik – Comité gegrënnt, deen aus qualifizéierten a motivéierte Fachleit besteet.

 

Wat ass d‘Ethik?

D‘Ethik ass en Zweig vun der Philosophie déi d‘Begrëffer vu Gutt a Béis, Gerechtegkeet an Ongerechtegkeet erfuerscht, an eis moralesch Handlunge leed. Am Soin à Domicile huet d‘ Ethik och eng besonnesch Plaz an der Uwendung vu grondleeënde moralesche Prinzippie fir de Respekt, d’Dignitéit an d’Wuelbefanne vun eise Patienten ze garantéieren.

 

Firwat en Ethik- Comité grënnen?

D’Roll vum Ethik – Comité ass et d’Gesondheetspersonal iwwer ethesch Froen oder Froen am Zesummenhang mam Respekt vun de Grondrechter vun eise Patienten z’ënnerstëtzen an ze beroden. Et kann och, op Ufro vun engem Patient oder sengem juristesche Vertrieder, Entscheedungshëllef bei enger ethescher Fro unzebidden oder Froe beäntwere betreffend dem Respekt vun de Grondrechter vun de Patienten.

Bei der Ausféierung vun hirer Missioun deelt den Ethik- Comité seng Stellungsnam komplett onofhängeg mat. Déi, am Kontext matgedeelte Stellungnamen si net bannent a vertraulech. Den Ethik- Comité huet d’Recht d’Kommunikatioun vu medezineschen Informatioune, Hëllef a Betreiung souwéi den individuellen Dossier vum betraffenen Patienten ze kréien, deen e brauch fir eng grëndlech Entscheedung ze treffen.

 

Wéi aktivéiert een den Ethik- comité?

Iwwer en Formular, dësen ass hei verfügbar:

Dir kënnt ons den Formular dann per mail (ethique@vbk.lu) oder per Post zoukommen loossen:

Verbandskëscht
Ethik – Comité
5, rue de Turi
L-3378 Livange