Eis Servicer

Iessen op Rieder

Mir denken och un Är Alimentatioun a kënnen Iech ofwiesslungsräich an equilibréiert Moolzechten heem liwweren, déi un Äre Regime alimentaire ugepasst sinn (normal Menüen, ouni Salz, vegetaresch asw.). Hei proposéiere mir Iech d’Wiel tëscht zwou Entréeën an zwee Haaptplaten, déi Dir no Virléift raussiche kënnt. Och en Dessert ass am Präis mat dran!

Kontaktéiert eis gär, fir e Bléck op de Menü vun der Woch ze geheien!

 

Kleng Aarbechten

Eis Mataarbechter kënne vu méindes bis freides tëscht 08:00 a 16:30 Auer a jee no Besoin och weekends fir Iech kleng Aarbechten iwwerhuelen:

  • Usträicheraarbechten, Lächer bueren, Biere wiessele souwéi Schlässer a Krinn flécken an Offlëss propper maachen;
  • Botzaarbechten an a ronderëm d’Haus oder d’Wunneng virhuelen;
    Jarnéieren uelegen a Rollluede flécken;
  • Kelleren a Späichere raumen;
  • bei Plënneraktiounen hëllefen;

 

Aarbechten am Gaart

Vu méindes bis freides tëscht 08:00 a 16:30 Auer proposéiere mir Iech d’Erleedege vu Gaardenaarbechte:

  • Wues méien, Hecke schueren asw.
  • Onkraut ewechmaachen

 

Schnéischëppen a Wanterdéngscht

Dës Servicer stinn Iech wärend der Wanterperiod tëscht dem 1. November an dem 31. Mäerz zur Verfügung. Hei kënnt Dir tëscht zwou Alternativë wielen:

  1. All inclusive: Schnéischëppen an allgemenge Wanterdéngscht wärend der ganzer Saison, méindes bis freides tëscht 08:00 a 16:30 Auer a samschdes tëscht 08:00 a 14:00 Auer. Op Wonsch si mir och sonndes oder op Feierdeeg fir Iech am Asaz.
  2. Pro Asaz: Schnéischëppen an allgemenge Wanterdéngscht op explizitt Nofro hi vu méindes bis freides tëscht 08:00 a 16:30 Auer a samschdes tëscht 08:00 a 14:00 Auer. Op Wonsch si mir och sonndes oder op Feierdeeg fir Iech am Asaz.

 

Management vu Medikamenter

Verbandskëscht proposéiert Iech de gesamte Management vun Äre Medikamenter, soudatt Dir Iech net méi ëm d’Preparéieren an d’Organisatioun vun der medikamentéiser Behandlung këmmere musst. Eis Offer ass eenzegaarteg a sécher a bitt Iech d’Méiglechkeet, Medikamenter eegestänneg oder a Presenz vun eisem Krankepersonal anzehuelen.

 

Hygiènes- an Inkontigenzprodukter

Eis Patienten hunn d’Méiglechkeet, direkt bei eisem Personal Hygiènes- an Inkontigenzprodukter (TENA-Sortiment) zu reduzéierte Präisser ze bestellen. D’Artikele kritt Dir no der Bestellung gratis heem geliwwert.

 

Déieregard

Musst Dir an d’Spidol an Äert Déierche sëtzt eleng doheem? Kee Probleem! Eist Personal ka sech bei Iech doheem ëm et këmmeren oder bréngt et iwwergangsweis bei enger Gaaschtfamill ënner. Ausserdeem kënne mir och e Service ubidden, fir mat Muppe spadséieren ze goen.

 

Optiker bei Iech doheem

Fir onnéideg ustrengend Deplacementer ze minimiséieren, bidde mir eise Patienten de Service ‘Optiker doheem’. Ob Aentester, Ënnersichungen, Analysen, Brëllereparaturen oder generell Berodungen – den Optiker kënnt bei Iech heem a beréit Iech gären. Eng 100 Gesteller stinn Iech donieft zur Verfügung.

 

Administrativ Ënnerstëtzung

Speziell qualifizéiert Mataarbechter kënnen Iech bei administrative Virgäng hëllefen oder dës souguer komplett iwwerhuelen. Dir braucht Iech ëm näischt ze këmmeren!

 

Wäsch maachen

Eis Mataarbechter kënne fir Iech (Kleeder, Bettwäsch asw.) wäschen a strecken. Bei bestëmmte Pathologië kënne si och d’Wäsch desinfizéieren.

 

 Medezinesch Pedikür

Eis Ekipp bitt Iech déi gängeg Traitementer am Beräich vun der medezinescher Pedikür a kann och Soin-de-conforten duerchféieren.

Braucht Dir eng Berodung ?

Fir weider Informatioune kënnt Dir eis gären ënnert der Telefonsnummer 26 36 26 02 erreechen!

Entdeckt all eis aner Déngschtleeschtungen