Eis Servicer

Venéis an arteriell Ulzera

De Gebrauch vun den neiste Behandlungstechnike garantéiert déi beschte Fleeg vun Äre venéisen an arterielle Wonnen.

 

Drockplazen/Escarren

Bei eiser éischter Visitt kënne mir mat Iech zesummen d’Risikofacteure vun Drockplazen/Escarren evaluéieren. Gemeinsam mat Iech an an Zesummenaarbecht mat Ärem Dokter kënne mir déi beschte Fleeg- a Behandlungsoptiounen ugoen.

 

Postoperativ Wonnen

No engem chirurgeschen Agrëff kënne mir kontrolléieren, ob Är postoperativ Wonne gutt heelen. Eis Krankefleeger proposéieren Iech eng Begleedung wärend dem gesamten Heelungsprozess.

 

Verbrennungen

Eist Personal ka sech mat Ärem Dokter ofschwätzen, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech festzeleeën. Doduerch kann den Heelungsprozess acceleréiert an de Wéi minimiséiert ginn.

 

Diabetesche Fouss/Diabetesch Féiss

Am Accord vun Ärem Dokter kënne mir eng adequat Therapie fir Är Wonn festleeën. E gesonde Liewensrhythmus an eng reegelméisseg Kontroll vum Bluttzockerspigel droe en Deel zu dem Heelungsprozess bäi.

 

Extern Fixateuren

Den Ëmgang mat engem externe Fixateur verlaangt spezifesch an technesch Verbänn. Eis Ekipp ass an deem Fall fir Iech do, fir sech ëm eng optimal Mise-en-place ze këmmeren. Doriwwer eraus kann en externe Fixateur dat dagdeeglecht Liewe vum Patient massiv beanträchtegen (sech beweegen, op d’Toilette goen, sech ernieren). Frot einfach bei eis no, fir datt mir Iech eng zousätzlech Hëllef kënne proposéieren.

 

Fleeg vu Sonden

Fir méi Confort a manner Stress ass et eisem Personal méiglech, fir sech bei Iech doheem ëm d’Fleeg vu Sonden (Blos, Mo asw.) ze këmmeren. Doduerch kënnt Dir onnéideg Deplacementer evitéieren.

 

Stomata

An Zesummenaarbecht mat Ärem Stoma-Therapeut an Ärem Dokter maachen eis Krankefleeger alles, fir Iech eng optimal Stoma-Fleeg unzebidden.

 

Verbänn mat Drainage

Technesch Verbänn mat engem oder méi Drainagë verlaangen eng ganz spezifesch Fleeg. Eist Personal beherrscht dës a ka sech mat Virsuerg ëm Iech këmmeren.

 

Wonnefleeg mat Implantater

Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg mat Implantater speziell ausgebilt.

 

Eraushuele vu Fiedem a Klammeren

An de meeschte Fäll braucht Dir Iech fir d’Eraushuele vu Fiedem oder Klammeren net an e Spidol deplacéieren. Schwätzt mat Ärem Dokter doriwwer a mir këmmeren eis gär ëm déi néideg Prozeduren.

 

Ënnerdrock-Behandlung

Bei engem Traitement, dat ënner Ënnerdrock geleescht gëtt, setzt den Heelungsprozess méi séier an. Verbandskëscht ass den Ament den eenzege Fleegedéngscht zu Lëtzebuerg, deen dëse Service, deen an der Reegel just a Spideeler Usus ass, doheem kann ubidden.

 

Op wat muss ech virum Verband-Wiessel oppassen?

Falls Iech Ären Dokter Medikamenter géint de Wéi verschriwwen huet, dann denkt drun, fir dës op d’mannst eng Stonn virum Passage vun eisem Personal anzehuelen. Wann Dir kënnt, da leet e proppert Handduch an e Läppche fir eis Krankefleeger bereet. Passt och wgl. dorop op, datt d’Plaz vun dem Verband-Wiessel propper a gutt beliicht ass. Falls dat fir Iech net méiglech ass ëmzesetzen, braucht Dir Iech keng Suergen ze maachen. Eist Personal ka sech mat Virsuerg ëm alles këmmeren

Entdeckt all eis aner Déngschtleeschtungen