Eis Servicer

Hygiène

Eis Mataarbechter kënnen Iech bei der dagdeeglecher Kierperhygiène wéi Zännwäschen, Raséieren, Ganzkierperwäsch asw. ënnerstëtzen.

 

Hëllef am Stot

Fir Iech den Alldag ze erliichteren, kënne mir Iech am Stot Laaschte vun de Schëlleren huelen an zum Beispill Botz- a Spullaarbechte wéi och Kleederwäsche fir Iech iwwerhuelen.

 

Alimentatioun/Ernärung

Eis Mataarbechter kënne sech ëm Är Moolzechte këmmeren an déi néideg Hëllefsstellung beim Iessen an Drénken ubidden.

 

Spezialiséiert Soinen

Braucht Dir opgrond vun Ärem Gesondheetszoustand speziell Soine wéi Physiotherapie, Ergotherapie, medezinesch Foussfleeg, psychologesch Ënnerstëtzung, Palliativfleeg oder Änleches? Eis Mataarbechter kënnen dëst gär bei Iech doheem organiséieren. Esou hutt Dir d’Sécherheet, genee déi Soinen ze kréien, déi Dir och wierklech braucht – dat Ganzt fir Iech ënnert de beschtméiglechste Konditiounen!

 

Technesch Hëllefsstellung

Eist Fleegepersonal an eis Koordinatore stinn Iech un der Säit, wann et drëm geet, fir Iech déi optimal technesch Hëllefsstellunge fir den Alldag ze besuergen.

Am Kader vun der Assurance dépendance an no der fachmännescher Berodung vun engem Dokter kënnt Dir – jee no perséinlechem Bedierfnes an der Validatioun vun der Administration d’évaluation et de contrôle – vu verschiddenen techneschen Hëllefsmëttel fir Ären Alldag profitéieren (Fleegebett, Wunnengsëmbau, Lifter asw.).

Dir kënnt allerdéngs och ouni Assurance dépendance op technesch Hëllefsstellungen zeréckgräifen. An dësem Fall hutt Dir d’Méiglechkeet, d’Material bei engem vun eise Fournisseuren ze léinen oder ze kafen.

Bei Froen iwwer dës Hëllefsstellunge stinn Iech eis Mataarbechter mat Rot an Dot zur Verfügung!

 

Berodung an Ënnerstëtzung

Mir begleeden Iech an Ärem Alldag, kënne fir Iech Kommissioune maache goen oder eis ëm Är perséinlech Affären/Ugeleeënheete këmmeren. Bei Bedarf kënne mir och eng Eenzelbetreiung an Äre véier Wänn oder eng Gruppebetreiung organiséieren. Dozou gehéiert, datt mir Iech méi nobréngen, wéi ee mat bestëmmten techneschen Hëllefsmëttel eens gëtt. Virun dësem Hannergrond bidde mir Formatioune fir fleegend Familljememberen un.

 

Mobilitéit

Heiansdo si gewësse Beweegungsofleef schwiereg, fir eleng ze bewältegen. Dofir kënne mir Iech beim Opstoen, beim Aus- an Undoen, beim Asetze vum Hörappart oder nach beim Undoe vun Ärer Prothees ënnerstëtzen an eis drëm këmmeren, Iech et esou agreabel wéi méiglech ze maachen.

 

Kann ech d’Assurance dépendance an Usproch huelen?

Fir datt Dir d’Leeschtunge vun der Fleegeversécherung an Usproch kënnt huelen, musse verschidde Krittäre gi sinn:

  • Dir sidd bei der Lëtzebuerger Gesondheetskeess affiliéiert.
  • Dir sidd ofhängeg (d.h. Dir braucht Hëllef vun engem Drëtten, musst vun engem Krankefleeger oder engem Familljemember am Alldag ënner d’Äerm gegraff kréien a kënnt an Ärem Alldag de gängegen Aktivitéite wéi sech wäschen, sech un- an ausdoen oder sech fortbeweegen net méi nogoen).
  • Dir sidd iwwert en Zäitraum vu 6 Méint ofhängeg vu Soinen an déi perséinlech Situatioun wäert sech net verbesseren.
  • Dir sidd op d’mannst op 3,5 Stonnen Hëllef d’Woch ugewisen.
  • D’Hëllef, déi Dir braucht, ergëtt sech aus enger Krankheet oder engem Handicap.

Keng Panik – mir assistéieren Iech bei all den néidegen Demarchen!

Gutt ze wëssen: De Familljeministère accordéiert finanziell Hëllefen, déi Iech et erlaben, fir vun eise Servicer zu engem favorabele Präis ze profitéieren, wann Dir (nach) net d’Krittäre vun der Assurance dépendance erfëllt.

Entdeckt all eis aner Déngschtleeschtungen

Entdeckt all eis aner Déngschtleeschtungen