Hëllef bei Iech doheem
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Fir eng méi grouss Flexibilitéit stinn Iech eis speziell Praxisraim zur Verfügung, déi speziell fir Är Prise-en-charge ekipéiert sinn.
Rendez-vous fixéieren KontaktDës diskret Servicer – ouni Waardezäiten – gi vun eise Patiente besonnesch wäertgeschat.
Eis Gebailechkeete fannt Dir:
Opgepasst: Eis Gebailechkeete stinn Iech nëmmen op Rendez-vous zur Verfügung.
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir schaffen an enker Relatioun mat Ärem Hausdokter, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech ze garantéieren. Eis Mataarbechter sinn hëllefsbereet, engagéiert a sympathesch!
Fir Iech et ze erméiglechen, fir doheem kënnen ze bleiwen, hu mir eng Rëtsch Zousazofferen entwéckelt. Dës vereinfachen/erliichteren Iech an Ären nooste Persounen/Äre Familljememberen d’Liewen an den eegene véier Wänn.
Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg speziell ausgebilt a stinn Iech beim Frëschmaache vun de Verbänn mat Know-how un der Säit.
Nieft der Krankefleeg doheem bitt d’Verbandskëscht och eng Ganzdagsbetreiung am Foyer de Jour un.
Mir engagéieren eis fir héichqualitativ kierperlech Therapieversuergung am Komfort vun ärem Doheem ze liwweren.