Eis Servicer

Eng adaptéiert Betreiung kréien

Eng pluridisziplinär Ekipp aus Educateuren, Aide-soignanten, Infirmièren, Kinesitherapeuten, Ergotherapeuten a Psychologe schafft am Team zesumme fir eng personaliséiert Prise en Charge vun de Persounen ze garantéieren.

 

D’Autonomie vun eise Gäscht ze erhalen an ze fërderen!

Eis ass et wichteg, dass jiddweree selwer matbestëmme ka wéi en säin Dag
am Foyer verbréngt.

 

Physesch a psychesch aktiv bleiwen

Ganz villfälteg Aktivitéiten a ganz verschiddene Beräicher ginn all Dag ugebuede fir d’Autonomie vun der concernéierter Persoun ze erhalen an ze fërderen.
Dozou gehéiere beispillsweis:

  • Gediechtnestraining
  • Feinmotorik
  • Gymnastik
  • Bastelaktivitéiten
  • Kleng Gaardenaarbechten
  • Interaktivitéit mat Déieren
  • Ausflflich oder Spadséiergäng an d’Natur

 

Sozialkontakter opbauen an erhalen

Dat reegelméissegt Zesummekomme vun de verschiddenste Persounen erméiglecht nei sozial Kontakter. Den Austausch mat aneren huet e positiven Impakt op dat psychescht Wuelbefannen. Sozial Isolatioun gëtt doduerch evitéiert. Dozou kënnt, dass déi concernéiert Persoun, déi eleng doheem wunnt, eng Struktur an hiren Dagesoflflaf kritt.
Sech sécher fillen
De Foyer de Jour ass esou a senger Struktur opgebaut, dass d’Sécherheet vun alle Persoune garantéiert ass. Dat professionellt Personal op der Plaz ass forméiert d’Secherheet vun all Persoun ze garantéieren.

 

D’Bezuchspersounen doheem entlaaschten

D’Betreiung den Dag iwwer am Foyer de Jour gëtt
der Bezuchspersoun d’Méiglechkeet a Rou beispillsweis akafen ze goen oder engem Hobby nozegoen.
Dëst ass wichteg fir hir en Ausgläich ze erméiglechen.

 

Fir ween?

Fir all Persoun déi doheem wunnt an eng psycho-
geriatresch Betreiung brauch. Sief et duerch:

  • altersbedéngt Komplikatiounen op kognitivem, physeschem oder psycheschem Niveau
  • am Fall vun enger neurodegenerativer Krankheet, wéi beispillsweis Demenz oder Parkinson

 

Wat sinn eis Zieler?

Sech wuelfillen

Wichteg ass et eis, dass d’Gäscht sech am Foyer wuelfillen. Eng professionell forméiert Ekipp engagéiert sech all Dag dofir, eng agreabel Atmosphär
ze schaffe wou sech jidder Eenzele gären ophält.
En neien innovative Luuchtesystem (Visual Timing
Light – VTL) dréit zousätzlech zur Gemitterlechkeet
an der Sécherheet innerhalb vun eiser Dagesstruktur bäi. Dëse Luuchtesystem ass un déi spezifesch Bedürfnisser vun eelere Léit ugepasst. D’Liichtverhältnisser sinn
esou agestallt, dass:

  • den natierleche Biorhythmus wierkungsvoll ënnerstëtzt gëtt
  • kee verblennt gëtt
  • se positiv op d’Persoune wierken

Zum Wuelbefanne gehéiert och eng gutt, ofwiesslungsräich an equilibréiert Moolzecht. All Dag zerwéiere mir eise Gäscht en anere Plat, adaptéiert un déi individuell Besoinen.

Entdeckt all eis aner Déngschtleeschtungen