Formatioun an der Palliativmedizin

E puer vun eise Mataarbechter hu viru kuerzem hier Zertifikatioun “Formation de sensibilisation en soins palliatifs de 40 heures” vun Omega 90 kritt. 

Dës essenziell Ausbildung erlaabt hinnen d’Basiswëssen an der Palliativfleeg ze kréien. Zousätzlech hunn zwee vun eise Mataarbechter hiren Diplom “Formation d’approfondissement en soins palliatifs 200 h”» kritt, eng bemierkenswäert Leeschtung! 

Duerch si hunn elo méi wéi 50% Mataarbechter dës Ausbildung ofgeschloss, wat eisen Engagement fir qualitativ héichwäerteg Fleeg verstäerkt. 

En décke Bravo un hiren Engagement vis-à-vis vun eise Patienten!