Jobdag 2023

Den 10te Juni ass den éischte Verbandskëscht Jobdag.

Du bass op der Sich no enger Aarbecht oder engem neien Challenge? Am beschten ob enger Plaz wous du professionell a mënschlech geschätzt gëss an evoluéiere kanns?
Da komm de Samschdeg den 10te Juni tëscht 10 a 4 Auer op eisen Jobdag zu Léiweng laanscht.
Op verschiddene Stänn presentéieren dir d’Mataarbechter vun der Verbandskëscht hiren Alldag. Du kanns souwuel mat der Organisatiounsekipp oder de Soignants qualité, wéi och mat der Direktioun schwätzen an dech informéieren.

Komm laanscht, informéier dech, genéiss ee Maufel bei eisem Jobdag-BBQ a mell dech op eng vun eise flotte Plazen a gëff Member vun der exzeptioneller Verbandskëscht-Famill.

Mir freeën eis ob dech!

Adress:
5, rue de Turi
L-3378 Livange*
10h00-16h00
(*Gratis Parking virun der Dir)