Hëllef bei Iech doheem
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Nieft der Krankefleeg doheem bitt d’Verbandskëscht och eng Ganzdagsbetreiung
am Foyer de Jour un. An engem modernen a gemittleche Kader gi vu méindes bis freides déi concernéiert Persounen am Foyer empfaangen.
Eng professionell forméiert Ekipp organiséiert individuell ugepassten Aktivitéiten a garantéiert d’Sécherheet an de Bien-être vu jidderengem.
KontaktEng pluridisziplinär Ekipp aus Educateuren, Aide-soignanten, Infirmièren, Kinesitherapeuten, Ergotherapeuten a Psychologe schafft am Team zesumme fir eng personaliséiert Prise en Charge vun de Persounen ze garantéieren.
Eis ass et wichteg, dass jiddweree selwer matbestëmme ka wéi en säin Dag
am Foyer verbréngt.
Ganz villfälteg Aktivitéiten a ganz verschiddene Beräicher ginn all Dag ugebuede fir d’Autonomie vun der concernéierter Persoun ze erhalen an ze fërderen.
Dozou gehéiere beispillsweis:
Dat reegelméissegt Zesummekomme vun de verschiddenste Persounen erméiglecht nei sozial Kontakter. Den Austausch mat aneren huet e positiven Impakt op dat psychescht Wuelbefannen. Sozial Isolatioun gëtt doduerch evitéiert. Dozou kënnt, dass déi concernéiert Persoun, déi eleng doheem wunnt, eng Struktur an hiren Dagesoflflaf kritt.
Sech sécher fillen
De Foyer de Jour ass esou a senger Struktur opgebaut, dass d’Sécherheet vun alle Persoune garantéiert ass. Dat professionellt Personal op der Plaz ass forméiert d’Secherheet vun all Persoun ze garantéieren.
D’Betreiung den Dag iwwer am Foyer de Jour gëtt
der Bezuchspersoun d’Méiglechkeet a Rou beispillsweis akafen ze goen oder engem Hobby nozegoen.
Dëst ass wichteg fir hir en Ausgläich ze erméiglechen.
Fir all Persoun déi doheem wunnt an eng psycho-
geriatresch Betreiung brauch. Sief et duerch:
Sech wuelfillen
Wichteg ass et eis, dass d’Gäscht sech am Foyer wuelfillen. Eng professionell forméiert Ekipp engagéiert sech all Dag dofir, eng agreabel Atmosphär
ze schaffe wou sech jidder Eenzele gären ophält.
En neien innovative Luuchtesystem (Visual Timing
Light – VTL) dréit zousätzlech zur Gemitterlechkeet
an der Sécherheet innerhalb vun eiser Dagesstruktur bäi. Dëse Luuchtesystem ass un déi spezifesch Bedürfnisser vun eelere Léit ugepasst. D’Liichtverhältnisser sinn
esou agestallt, dass:
Zum Wuelbefanne gehéiert och eng gutt, ofwiesslungsräich an equilibréiert Moolzecht. All Dag zerwéiere mir eise Gäscht en anere Plat, adaptéiert un déi individuell Besoinen.
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir schaffen an enker Relatioun mat Ärem Hausdokter, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech ze garantéieren. Eis Mataarbechter sinn hëllefsbereet, engagéiert a sympathesch!
Fir eng optimal Fleeg stinn Iech eis speziell Praxisraim zur Verfügung. Hei hutt Dir d’Méiglechkeet, fir an Diskretioun – ouni Waardezäiten – vun eise Soinen ze profitéieren.
Fir Iech et ze erméiglechen, fir doheem kënnen ze bleiwen, hu mir eng Rëtsch Zousazofferen entwéckelt. Dës vereinfachen/erliichteren Iech an Ären nooste Persounen/Äre Familljememberen d’Liewen an den eegene véier Wänn.
Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg speziell ausgebilt a stinn Iech beim Frëschmaache vun de Verbänn mat Know-how un der Säit.
Mir engagéieren eis fir héichqualitativ kierperlech Therapieversuergung am Komfort vun ärem Doheem ze liwweren.