Hëllef bei Iech doheem
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir hunn eis als Zil gesat, Iech am Alldag déi heiansdo lästeg a penibel Tâchen ofzehuelen. Dir sollt nämlech an Zefriddenheet a mat Selbstbestëmmtheet an Äre véier Wänn liewe kënnen. Dofir bidde mir eng breet Panoplie un Zousazservicer, déi net just Iech, mä och Ären nooste Persounen d’Liewe vereinfachen.
Rendez-vous fixéieren KontaktMir denken och un Är Alimentatioun a kënnen Iech ofwiesslungsräich an equilibréiert Moolzechten heem liwweren, déi un Äre Regime alimentaire ugepasst sinn (normal Menüen, ouni Salz, vegetaresch asw.). Hei proposéiere mir Iech d’Wiel tëscht zwou Entréeën an zwee Haaptplaten, déi Dir no Virléift raussiche kënnt. Och en Dessert ass am Präis mat dran!
Kontaktéiert eis gär, fir e Bléck op de Menü vun der Woch ze geheien!
Eis Mataarbechter kënne vu méindes bis freides tëscht 08:00 a 16:30 Auer a jee no Besoin och weekends fir Iech kleng Aarbechten iwwerhuelen:
Vu méindes bis freides tëscht 08:00 a 16:30 Auer proposéiere mir Iech d’Erleedege vu Gaardenaarbechte:
Dës Servicer stinn Iech wärend der Wanterperiod tëscht dem 1. November an dem 31. Mäerz zur Verfügung. Hei kënnt Dir tëscht zwou Alternativë wielen:
Verbandskëscht proposéiert Iech de gesamte Management vun Äre Medikamenter, soudatt Dir Iech net méi ëm d’Preparéieren an d’Organisatioun vun der medikamentéiser Behandlung këmmere musst. Eis Offer ass eenzegaarteg a sécher a bitt Iech d’Méiglechkeet, Medikamenter eegestänneg oder a Presenz vun eisem Krankepersonal anzehuelen.
Eis Patienten hunn d’Méiglechkeet, direkt bei eisem Personal Hygiènes- an Inkontigenzprodukter (TENA-Sortiment) zu reduzéierte Präisser ze bestellen. D’Artikele kritt Dir no der Bestellung gratis heem geliwwert.
Musst Dir an d’Spidol an Äert Déierche sëtzt eleng doheem? Kee Probleem! Eist Personal ka sech bei Iech doheem ëm et këmmeren oder bréngt et iwwergangsweis bei enger Gaaschtfamill ënner. Ausserdeem kënne mir och e Service ubidden, fir mat Muppe spadséieren ze goen.
Fir onnéideg ustrengend Deplacementer ze minimiséieren, bidde mir eise Patienten de Service ‘Optiker doheem’. Ob Aentester, Ënnersichungen, Analysen, Brëllereparaturen oder generell Berodungen – den Optiker kënnt bei Iech heem a beréit Iech gären. Eng 100 Gesteller stinn Iech donieft zur Verfügung.
Speziell qualifizéiert Mataarbechter kënnen Iech bei administrative Virgäng hëllefen oder dës souguer komplett iwwerhuelen. Dir braucht Iech ëm näischt ze këmmeren!
Eis Mataarbechter kënne fir Iech (Kleeder, Bettwäsch asw.) wäschen a strecken. Bei bestëmmte Pathologië kënne si och d’Wäsch desinfizéieren.
Eis Ekipp bitt Iech déi gängeg Traitementer am Beräich vun der medezinescher Pedikür a kann och Soin-de-conforten duerchféieren.
Fir weider Informatioune kënnt Dir eis gären ënnert der Telefonsnummer 26 36 26 02 erreechen!
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir schaffen an enker Relatioun mat Ärem Hausdokter, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech ze garantéieren. Eis Mataarbechter sinn hëllefsbereet, engagéiert a sympathesch!
Fir eng optimal Fleeg stinn Iech eis speziell Praxisraim zur Verfügung. Hei hutt Dir d’Méiglechkeet, fir an Diskretioun – ouni Waardezäiten – vun eise Soinen ze profitéieren.
Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg speziell ausgebilt a stinn Iech beim Frëschmaache vun de Verbänn mat Know-how un der Säit.
Nieft der Krankefleeg doheem bitt d’Verbandskëscht och eng Ganzdagsbetreiung am Foyer de Jour un.
Mir engagéieren eis fir héichqualitativ kierperlech Therapieversuergung am Komfort vun ärem Doheem ze liwweren.