Hëllef bei Iech doheem
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
A Funktioun vun Ärem gesondheetlechen Zoustand an Ären individuelle Bedierfnesser, kann eist Personal den Hausbesuch 24/7 plangen. Eis Servicer entspriechen den héchste Qualitéitskrittären a ginn op der Basis vu medezinesche Prescriptiounen an an enker Zesummenaarbecht mat de respektiven Dokteren ausgefouert.
Fir Iech de gréisstméiglechste Confort kënnen unzebidden, këmmert sech eist Personal ëm déi administrativ Virgäng, déi assuréieren, datt eis Servicer vun de Versécherungen iwwerholl ginn. Eis Mataarbechter kënne sech souguer drëm këmmeren, Iech dat néidegt Material an déi néideg Medikamenter ze besuergen.
Zéckt net, fir eis ënnert der Telefonsnummer 26 36 26 02 ze kontaktéieren. Hei kritt Dir weider Informatiounen iwwer eis Servicer a kënnt direkt e Rendez-vous ausmaachen.
Rendez-vous fixéieren KontaktÖdeemer, schwéier Been, Veneleiden … An dësen an an änleche Fäll kann Iech Ären Dokter Kompressiounsverbänn oder -strëmp verschreiwen.
An deem Fall komme moies Krankefleeger bei Iech laanscht a leeën d’Kompressiounverbänn un oder hëllefen Iech beim Undoe vun de Kompressiounsstrëmp.
Mir kënnen eis ëm déi global Prise-en-charge vun Ärer Pathologie këmmeren. Eist Personal hëlt sech fir Iech all den noutwendege Soinen un: Kontroll vum Bluttzockerspigel, Injektiounen, Rapporten un Ären Dokter, Upassung vun der Therapie a Récksprooch mam Dokter, allgemeng Berodung asw.
Bei enger partieller Prise-en-charge kënnt Dir och aktiv sinn an zesumme mat de Krankefleeger, déi Iech begleeden, beroden a bei Bedarf weider un der Säit stinn, déi néideg Soine vollzéien.
A Funktioun vun der medezinescher Prescriptioun kënnen Injektioune vun eisem Personal bei Iech doheem realiséiert ginn: subkutan, intrakutan, intramuskulär, intravenéis oder iwwer implementär Systemer – Zentralkatheter asw.
Krut Dir eng oder méi intravenéis oder subkutan Infusioune verschriwwen, da kënnen eis Krankefleeger d’Prise-en-charge vun A bis Z iwwerhuelen. De ganze Virgang geet bei Iech doheem esou confortabel an agreabel wéi méiglech iwwer d’Bün.
D’Prelevementer, sief et vu Blutt, Urin oder Ofstréch, kënnen an Ärem gewinnten Ëmfeld bei Iech doheem duerchgefouert ginn. Duerno schécke mir dës an e medezinesche Laboratoire, wou se analyséiert ginn. An der Reegel leien Iech an Ärem Dokter d’Resultater e Schaffdag drop vir.
An Noutfäll oder op ausdréckleche Wonsch vum Patient hi kënnen d’Prelevementer, déi normalerweis moies duerchgeféiert ginn, de ganzen Dag iwwer stattfannen.
Eist Personal kann d’Verwaltung vun de medikamentéise Behandlungen, vum Sichegoe vun de Medikamenter an d’Apdikte bis bei d’Anhuele vun der Medezin a Récksprooch mam respektiven Dokter, iwwerhuelen. Mir kënnen Är Medikamenter all Dag oder eemol fir déi ganz Woch an enger sougenannter Pëlle-Box preparéieren.
Doduerch gi Feeler an der Doséierung an an dem Anhuele vun de Medikamenter verhënnert.
Falls den Dokter d’Prescriptioun ännert, gëtt d’Behandlung natierlech vun eis adaptéiert.
Sidd Dir op urologesch Soinen ugewisen? Da kënne mir Iech bei der Fleeg mat ë.a. Bloskatheter, Lavage vésicale, Wiessel vu Cystofix®-Verbänn asw. ënnerstëtzen.
Mir kënnen Iech bei all Mo- an Daarmbehandlunge mat der Mise-en-place an dem Retrait vu Sonden, der Gestioun vun der enteraler Alimentatioun, der Fleeg vu Stomata, Lavementen asw. ënnerstëtzen.
Sidd Dir op pneumatologesch Soinen ugewisen? Da kënne mir Iech mat Inhalatiounstherapien (Aerosole) a bronchialen Aspiratiounen ënnerstëtzen.
Eis Krankefleeger kënnen Är Vitalfunktiounen (Bluttdrock, Bols, Kierpertemperatur asw.) moossen a kontrolléiren.
Et gëtt geroden, sech d’Bee mat kalem Waasser ofzeduschen, sech mat Fiichtegkeetscrème anzereiwen a sech op d’mannst wärend 30 Minutten néierzeleeën. Maacht Iech keng Suergen, wann Dir dat net eegestänneg maache kënnt: Eist Personal kann Iech dës Tâchë gären ofhuelen.
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Fir eng optimal Fleeg stinn Iech eis speziell Praxisraim zur Verfügung. Hei hutt Dir d’Méiglechkeet, fir an Diskretioun – ouni Waardezäiten – vun eise Soinen ze profitéieren.
Fir Iech et ze erméiglechen, fir doheem kënnen ze bleiwen, hu mir eng Rëtsch Zousazofferen entwéckelt. Dës vereinfachen/erliichteren Iech an Ären nooste Persounen/Äre Familljememberen d’Liewen an den eegene véier Wänn.
Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg speziell ausgebilt a stinn Iech beim Frëschmaache vun de Verbänn mat Know-how un der Säit.
Nieft der Krankefleeg doheem bitt d’Verbandskëscht och eng Ganzdagsbetreiung am Foyer de Jour un.
Mir engagéieren eis fir héichqualitativ kierperlech Therapieversuergung am Komfort vun ärem Doheem ze liwweren.