Hëllef bei Iech doheem
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Eis ass et wichteg, datt Dir Iech bei eis gutt versuergt fillt. Wéi eisen Numm et scho seet, läit eis d’Wonnefleeg besonnesch um Häerz. Eist qualifizéiert Personal ass an der Fleeg vu Wonne spezialiséiert a kann Iech mat hirem ganze Kënnen an Know-how zur Säit stoen.
Rendez-vous fixéieren KontaktDe Gebrauch vun den neiste Behandlungstechnike garantéiert déi beschte Fleeg vun Äre venéisen an arterielle Wonnen.
Bei eiser éischter Visitt kënne mir mat Iech zesummen d’Risikofacteure vun Drockplazen/Escarren evaluéieren. Gemeinsam mat Iech an an Zesummenaarbecht mat Ärem Dokter kënne mir déi beschte Fleeg- a Behandlungsoptiounen ugoen.
No engem chirurgeschen Agrëff kënne mir kontrolléieren, ob Är postoperativ Wonne gutt heelen. Eis Krankefleeger proposéieren Iech eng Begleedung wärend dem gesamten Heelungsprozess.
Eist Personal ka sech mat Ärem Dokter ofschwätzen, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech festzeleeën. Doduerch kann den Heelungsprozess acceleréiert an de Wéi minimiséiert ginn.
Am Accord vun Ärem Dokter kënne mir eng adequat Therapie fir Är Wonn festleeën. E gesonde Liewensrhythmus an eng reegelméisseg Kontroll vum Bluttzockerspigel droe en Deel zu dem Heelungsprozess bäi.
Den Ëmgang mat engem externe Fixateur verlaangt spezifesch an technesch Verbänn. Eis Ekipp ass an deem Fall fir Iech do, fir sech ëm eng optimal Mise-en-place ze këmmeren. Doriwwer eraus kann en externe Fixateur dat dagdeeglecht Liewe vum Patient massiv beanträchtegen (sech beweegen, op d’Toilette goen, sech ernieren). Frot einfach bei eis no, fir datt mir Iech eng zousätzlech Hëllef kënne proposéieren.
Fir méi Confort a manner Stress ass et eisem Personal méiglech, fir sech bei Iech doheem ëm d’Fleeg vu Sonden (Blos, Mo asw.) ze këmmeren. Doduerch kënnt Dir onnéideg Deplacementer evitéieren.
An Zesummenaarbecht mat Ärem Stoma-Therapeut an Ärem Dokter maachen eis Krankefleeger alles, fir Iech eng optimal Stoma-Fleeg unzebidden.
Technesch Verbänn mat engem oder méi Drainagë verlaangen eng ganz spezifesch Fleeg. Eist Personal beherrscht dës a ka sech mat Virsuerg ëm Iech këmmeren.
Eis Krankefleeger sinn am Beräich vun der Wonnefleeg mat Implantater speziell ausgebilt.
An de meeschte Fäll braucht Dir Iech fir d’Eraushuele vu Fiedem oder Klammeren net an e Spidol deplacéieren. Schwätzt mat Ärem Dokter doriwwer a mir këmmeren eis gär ëm déi néideg Prozeduren.
Bei engem Traitement, dat ënner Ënnerdrock geleescht gëtt, setzt den Heelungsprozess méi séier an. Verbandskëscht ass den Ament den eenzege Fleegedéngscht zu Lëtzebuerg, deen dëse Service, deen an der Reegel just a Spideeler Usus ass, doheem kann ubidden.
Falls Iech Ären Dokter Medikamenter géint de Wéi verschriwwen huet, dann denkt drun, fir dës op d’mannst eng Stonn virum Passage vun eisem Personal anzehuelen. Wann Dir kënnt, da leet e proppert Handduch an e Läppche fir eis Krankefleeger bereet. Passt och wgl. dorop op, datt d’Plaz vun dem Verband-Wiessel propper a gutt beliicht ass. Falls dat fir Iech net méiglech ass ëmzesetzen, braucht Dir Iech keng Suergen ze maachen. Eist Personal ka sech mat Virsuerg ëm alles këmmeren
Eis Fleegedéngschter, déi mir 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op d’Mooss ubidden, erlaben Iech et, autonom an Äre véier Wänn ze wunnen.
Mir schaffen an enker Relatioun mat Ärem Hausdokter, fir déi beschtméiglechst Behandlung fir Iech ze garantéieren. Eis Mataarbechter sinn hëllefsbereet, engagéiert a sympathesch!
Fir eng optimal Fleeg stinn Iech eis speziell Praxisraim zur Verfügung. Hei hutt Dir d’Méiglechkeet, fir an Diskretioun – ouni Waardezäiten – vun eise Soinen ze profitéieren.
Fir Iech et ze erméiglechen, fir doheem kënnen ze bleiwen, hu mir eng Rëtsch Zousazofferen entwéckelt. Dës vereinfachen/erliichteren Iech an Ären nooste Persounen/Äre Familljememberen d’Liewen an den eegene véier Wänn.
Nieft der Krankefleeg doheem bitt d’Verbandskëscht och eng Ganzdagsbetreiung am Foyer de Jour un.
Mir engagéieren eis fir héichqualitativ kierperlech Therapieversuergung am Komfort vun ärem Doheem ze liwweren.