Iwwer eis

Verbandskëscht – Äre Reseau fir Hëllef a Fleeg doheem.

 

Verbandskëscht, de Kranken- a Fleegeservice, deen zanter 2005 zu Lëtzebuerg generatiounsiwwergräifend un Ärer Säit steet. Wat och ëmmer Äre Besoin ass: Eis kompetent Ekipp aus diploméierte Krankefleeger këmmert sech ëm Iech. All eis Mataarbechter schwätze Lëtzebuergesch, soudatt Dir Iech esou wuel wéi méiglech spiere kënnt.

Eis professionell an engagéiert Ekipp stellt sech mat hirem ganzen Know-how an Ären Déngscht.

Fir Iech de beschtméiglechste Fleegedéngscht ze garantéieren, bilt sech eist Personal a reegelméissegen Ofstänn weider a léiert esou déi neiste Behandlungsméiglechkeeten an -techniken aus dem Gesondheetsberäich.

Mat eis hutt Dir e festen Uspriechpartner, deen Är Besoine mat ville Servicer beschtméiglechst ofdecke kann. Eis geet et eleng dorëms, dofir ze suergen, datt et Iech an Äre véier Wänn gutt geet.

Eis qualifizéiert Ekipp kann op verschiddenen Niveauen intervenéieren a bitt eng breet Panoplie un Déngschtleeschtungen:

  • Eis Infirmièren an Infirmiere këmmere sech ëm d’Wonnefleeg, versichen de Wéi ze reduzéieren, maachen Diabetesbehandlung, Palliativfleeg asw.
  • Eis diploméiert Fleegerinnen a Fleeger stinn Iech bei alldeeglechen Aktivitéiten un der Säit.
  • Eis Koordinatoren a Beroder proposéieren Iech eng Stäip bei all administrativen Demarchen a kënne sech ëm all Är Ugeleeënheeten a punkto Fleegeversécherung këmmeren.

Mir schaffen enk mat sëllege Fachleit aus dem Gesondheetsberäich zesummen, mat deene mir genee déi Bedierfnesser ofstëmmen, déi fir Iech primordial sinn. Heizou gehéieren Allgemeng- a Fachdokteren, Physiotherapeuten, Ergotherapeuten, Psychologen, Ernärungsberoder, Apdikter, medezinesch Pedikürservicer asw.

 

Wëllt Dir vun eiser breeder Panoplie un Déngschtleeschtunge profitéieren? Da rufft gären eis un oder frot direkt e Rendez-vous!

 

Eise Film op Lëtzebuergesch :

 

Eise Film op Franséisch :